logo
Thierry ZOLLER

THIERRY ZOLLER

Kandidat fier Pirate Partei

Zoller Thierry - 44 Joer

Kandidat bei den Chambre Walen 2023

Moien, ech sinn den Thierry, 44 Joer aal, Bestued, Employé, Student. Ech sinn seit iwwer 15 joren mei oder manner politesch aktiv. Ech sinn ënnert anerem den Kapp hannert der Platform FRO.LU, ob därer dier kennt är Froen unn eis Regierung stëllen.

Kuerz an Knapp - Meng politesch prioritaiten sinn :

  • Steier Reform : Ech well eng Steierpolitik, déi fir sozialen Zesummenhalt an eng stark Wirtschaft steet. En moderne Steiersystem, dat gerecht ass an net no Statut entscheed.
  • Matbestemmung : Ech fuerderen datt d'Bierger zu Lëtzebuerg d'Recht hunn, hier Froen direkt un d'Ministeren ze stellen, an dëst op enger offizieller Plattform. All Bierger sollt d'Méiglechkeet hunn, seng Stëmm an der Politik ze héieren. FRO.LU
  • Wunnegs Politik : Eng fair Logementspolitik, wou d’Locatairen, Primo-Acquéreuren a kleng Proprietären an de Mëttelpunkt gestallt ginn.
  • Modern Arbeschtspolitik: Ech fuerderen, datt d'approche zur Work-Life-Balance zu Lëtzebuerg moderniséiert gëtt. Jiddwereen sollt d'Chance hunn, flexibel ze schaffen, seng Famill a seng Interessen ze berücksichtegen an trotzdeem seng finanziell Sécherheet ze behalen.
  • Méi Transparenz a Participatioun: Méi Transparenz a Participatioun op all Niveau vun onser Demokratie.
  • thierry zoller profile fun

    Meng haapt fuerderunge

    Ech well eng Steierpolitik, déi fir sozialen Zesummenhalt an eng stark Wirtschaft steet. En moderne Steiersystem, dat gerecht ass an net no Statut entscheed. Den Statut spillt keng Roll!

    KAFEN ënnerstëtzen, LOUNEN méi erschwénglech maachen,Méi Wunnenge BAUEN. Ech well dass d’Leit hei am Land d’Méiglechkeet kréien, fir hir eege Wunneng ze kafen, ob um Privatmarché oder bei der ëffentlecher Hand.

    Flexibel Aarbechtsmodeller fërderen,Ee steierfräie Mindestloun,Steierfräie Bonus, Actionnariat Salarié, Télétravail fërderen duerch Steiererliichterunge, Ee Recht op Déconnexioun ausserhalb vun den Aarbechtszäiten,D‘Baue vu Coworking Spaces,

    Méi Flexibilitéit bei der Kannerbetreiung aféieren, Congé parental ausbauen - d‘Eltere méi Congésdeeg kréien an och méi Urechter, fir de Congé an Deelzäit kënnen ze huelen, Méi Congésdeeg fir schwéier Situatiounen, Adoption simple prioriséieren,

    Start-ups wuesse loossen, Innovatioun a Risiko belounen - Firmegrënnunge vereinfachen a Fräiberuffler ënnerstëtzen, D'Handwierk muss erëm méi attraktiv ginn

    Meng Prioritaiten

    Digital Transformatioun notzen fier en fairen wandel




    Digital Transformatioun
    Ech proposéieren eng umfassend digital Strategie fir Lëtzebuerg, mat engem besonnesche Fokus op digitaliseieren vun schnëttstellen vun gouvernementalen Servicer. Dëst ass wesentlech fir d'Effizienz a Benotzerfrëndlechkeet vun ëffentlechen Servicer ze steigeren, an d'Interaktioun tëscht Bierger an Verwaltung ze vereinfachen. Mäi Zil ass et, eng dynamesch, transparent an biergerzentréiert Administratioun ze schafen, déi bereet ass fir d'Digital Era.

  • Schutz vun der Privatsphär am digitale Raum
  • Keng laangfristeg Späicherung vun biometresche Daten duerch Gemengen oder staatlech Agenturen
  • Open Data, Open Source, Open Access Politiken
  • Fräien Zougang zu Wëssen a Software
  • Accessibilitéit a Benotzerfrëndlechkeet vun ëffentlechen Daten
  • Gläichberechtegte Informatiounszougang fir all

  • Weider Informatiounen: Digitaliséierung a Medien





    Steieren
    Meng Haaptmeenungen zum Thema Steierpolitik an Staatsfinanzen zu Lëtzebuerg zentrieren sech ëm e fairen an einfache Steiersystem, deen sozial Gerechtegkeet fördert. Dëst ëmfasst eng individuell Besteierung, Steiererleechterungen fir elengerzéiend Familljen, Abschaffung vun der Witwesteier, Anpassung vun Steieren un d'Inflatioun, a steierfräien Mindestloun.

  • Vereinfachung vum Steierrecht
  • Individualbesteierung
  • Steiererleechterungen fir elengerzéiend Familljen
  • Abschaffung vun der Witwesteier
  • Anpassung vun Steieren un d'Inflatioun
  • Steierfräien Mindestloun

  • Weider Informatiounen: Steieren





    Bildung
    Meng Haaptfuerderungen am Beräich Héichschoul a Fuerschung zu Lëtzebuerg ëmfassen den Ausbau vun diversen Studiegäng, d'Attraktivitéit vun der Fuerschung als Beruff ze erhéijen, an d'Schafe vu méi Wunnméiglechkeeten fir Student:innen.
    Am Beräich Primärschoul a Lycée zu Lëtzebuerg fokuséieren sech op eng méi räichhalteg Bildung, déi d'jonk Generatioun besser op eis Gesellschaft virbereet, d'Valorisatioun vun Beruffsausbildungen, an d'Adaptatioun vun eiser Bildung un d'méisproocheg Realitéiten vum Land​

  • Diversifizéiert Studiegäng
  • Attraktivitéit vun der Fuerschung
  • Valoréiere vun Beruffsausbildungen
  • Méisproochegkeet an der Schoul
  • Moduläres System fir den Secondaire

  • Weider Informatiounen: Bildung



    Aarbescht
    Meng Haaptfuerderungen am Beräich Aarbecht zu Lëtzebuerg dreien sech ëm eng besser Work-Life-Balance, méi flexibel Aarbechtsmodeller, an d'Fërderung vun Télétravail. Ech setze mech och fir fair Chancen um Aarbechtsmaart an, a virun allem, fir eng steierfräi Mindestloun ze promovéieren, fir datt jiddereen eng stabil finanziell Basis huet​

  • Bessere Work-Life-Balance
  • Flexibel Aarbechtsmodeller
  • Fërderung vum Télétravail
  • Fair Chancen um Aarbechtsmaart
  • Steierfräie Mindestloun


  • Weider Informatiounen: Aarbecht







    Emwelt an Energie
    Meng Haaptvisiounen am Beräich Energie zu Lëtzebuerg bezéien sech op d'Fërderung vu nohalteger Energie, den Ausbau vu Solaranlagen, an d'Réduktioun vun der Ofhängegkeet vu fossilen an nuklearen Energiequellen

  • Nohalteg Energiequellen
  • Ausbau vu Solaranlagen
  • Réduktioun vu fossilen a nuklearen Energiequellen
  • Energieversuergungssécherheet

    Weider Informatiounen: Emwelt an Energie









  • Matbestëmmen
    Meng prioriteiten sinn ganz kloer am Beräich vun Biergerbedeelegung a Matbestëmmung zu Lëtzebuerg. Ech sinn wier eng méi grouss Beteilegung vun de Bierger:innen an der politescher Entscheedungsfindung, an deems mer d'Transparenz a Partizipatioun erhéijen. Dëst ass besonnesch wichteg an engem Land wéi Lëtzebuerg, wou manner wéi d'Hallschent vun den Awunner wielen dierfen. Ech schléissen mech dofir der Iddi un, e Biergerrot op nationaler Ebene anzeféieren, fir d'Politik méi no un d'Bierger:innen ze bréngen an hinnen d'Méiglechkeet ze ginn, aktiv un der Gestaltung vun der Politik matzewierken, ouni dass si berufflech Politiker:innen sinn mussen. Zousätzlech schloen ech vir, ee partizipativen Budget aféieren, wou d'Bierger:innen matbestëmmen, wéi Steiergelder investéiert a verdeelt ginn.

  • Méi Matbestëmmung fir jiddereen
  • Aféiere vun engem Biergerrot op nationalem Niveau
  • Verbesserung vun der politescher Repräsentativitéit

    Weider Informatiounen: Matbestëmmung
  • Wien sinn ech

    Hacker, Husband, Student & Friend

    Meng passioun ass et, neies ze léieren. Ech stelle vill froen. Ech hu mer vill Saache selwer bäibruecht, vun Elektrotechnik, iwwer Elektronik, Software-Entwécklung, kreativ Konscht bis hin zu Féierungsfäegkeeten. Ech fannen et spannend, erauszefannen, wéi Saache fonctionéieren, se déifgrënneg ze analyséieren an dann dat geleiert Wëssen unzewenden.

    Feeler maachen ass fir mech elementare bestanddeel vum leieren, esou entstinn Innovatiounen an innovatiivt denken.

    Fréier hunn ech vill vun dem, wat ech geléiert hunn, publizéiert, an der Hoffnung, aner dozou ze inspiréieren, datselwecht ze maachen. Ech sinn en Naturfrënd, dee Sport, Aktivitéiten am Freien a Gardenaarbescht gär huet. Ech verbréngen esou vill Zäit wéi méiglech mat Léieren a Liesen, fir dëst Wëssen a mengem Alldag unzewenden.

    Berufflech hunn ech mat dem Grënnen vun e puer Entreprisen ugefaangen, dorënner eng Software-Entwécklungsfirma mat fokus op Secherheets Software an eng Platform daat een verdeelt Späicherungssystem ugebueden huet. Dorops hin eng Karriär am Data Security Risk Management opgebaut, als eischt war ech joren lang consultant an hunn Entreprisen berooden and dunn an ech hat d'Geleeënheet, fier verschidden grouss acteuren ze schaffen, wéi Verizon, HSBC, Amazon, a J.P. Morgan, wou ech als Chief Information Security Officer geschafft hunn a deelweis grouss Equippe vun IT-Sécherheetsprofis geleed hunn.

    Klengt vlait iwwerhieflech, mee ech si stolz drop an et huet och vill Gedold and Fleiss gebraucht fir do unzekommen. Meng berufflech Erfarung iwwert déi lescht 15 Joer ass immens diversifizéiert, mat engem breede Spektrum vu Rollen an de Beräicher Informatiounssécherheet,Privatsphär a Compliance, déi operativ, net-operativ, technesch a Managerrollen ëmfaassen.

    Akademesch hunn ech kierzlech mein Master a Business Administration (MBA) ob der "Luxembourg School of Business" ofgeschloss, an hunn och e Master an Informatik. Dës akademesch Bildung huet mer eng solid Basis geschaaft, fir déi komplex Aspekter vun der IT-Sécherheet a Privatsphär besser ze verstoen an effektiv ze geréieren.

    Ech sinn iwwerzeegt dass Politik an Zukunft mäi a mäi Talenter mat IT know-how an Management background braucht an duerfir trieden ech unn.

    thierry zoller profile fun diving

    Meng Positiounen