logo

Matbestëmmen

  • Numm:Thierry ZOLLER
  • Regioun:ZENTRUM
  • Lescht: 7

Matbestëmmung - E wichteg Thema wat mir perséinlech um Häerz leit. Haut kennt der schonns är Froen iwwer (FRO.LU) un d'Regierung stellen a Piraten huelen se mat a Chamber. Dat war eent vun de ville Versprieche wat mir als Piraten Partei ëmgesat hunn! 💪🏼

Dat geet eis awer net weit genuch, mir géife gären eng offiziell platform hunn wou dëst méiglecht wier.🗳️ Zu dësen a weidere Fuerderungen am Kontext "Matbestëmmung" fannt dier mei Informatiounen op: Biergerbedeelegung





Nationale Biergerot aféieren 🙋‍♂️- Ech fuerderen, datt d'Politik méi biergernoh gëtt an d'Leit méi aktiv an der Politik matmaachen.💪 Dofir schloen d'Piraten e Biergerrot vir, wou normale Bierger, ouni Parteikaart oder als Beruffspolitiker, hir Meenung äusseren a Virschläg maachen kënnen. Dëse Biergerrot soll d'Gesellschaft erëmspigelen an autonom Themen diskutéieren, déi dann am Parlament behandelt ginn. D'Piraten haten schonn 2019 eng Gesetzesinitiativ an dëser Richtung gestart.🏁 Zu dësen a weidere Fuerderungen am Kontext "Matbestëmmung" fannt dier mei Informatiounen op: Biergerbedeelegung